Parking

Fuert um ganze Site a Schrëtttempo. Denkt w.e.g. un d’Kanner !

Et ass verbueden Autoen a Motorrieder op aner Plazen ze stellen, wéi déi virgesinne Parkplazen.

Et ass net erlaabt, säin Auto um Site ze wäschen.

Rulotten a Wunnmobiler sinn net erlaabt (Gréngzone).

Et gëtt keng Opluetstatioun fir Elektroautoen. Aus Sécherheetsgrënn däerfen Elektroautoen och net mam Adapterkabel un den normale Steckdouse geluede ginn.

D’Parken am Bannenhaff ass strengstens verbueden.