Intern Reglementer

De „Scoutcenter“ gehéiert dem Veräin “Les Amis des Greng Scouten a Guiden Diddeleng a.s.b.l.” (A.G.S.G.D.).

Zäit hei ze verbréngen, heescht dass Dir ouni Weideres d’Reglementer an d’allgemeng Konditioune fir d’Bereetstelle vu Servicer, Ariichtungen an Infrastruktur akzeptéiert.

Falsch Informatiounen, grad ewéi d’Net-Anhale vun de Virschrëfte bedeit, dass dir direkt vum Site verwise gitt. Dëst gëllt och fir Uweisungen, déi vun engem Member vun den A.G.S.G.D. gemaach ginn. An dësem Fall gëtt et kee Remboursement, weder vun der Rechnung, nach vun der Kautioun.

1. Allgemeng Informatiounen

All Locataire muss volljäreg sinn an all Gruppe vu Mannerjärege musse vu verantwortleche volljärege Persoune betreit ginn, déi wärend dem ganzen Openthalt präsent sinn.

All Locataire iwwerhëlt déi voll Verantwortung fir säin eegent Verhale oder d’Verhalen vun engem Member aus sengem Grupp bzw. sengen Invitéen.

All Locataire oder Responsabele vun enger Grupp haft fir all Schued un deenen zur Verfügung gestallten Ariichtungen an Infrastrukturen a muss fir d’Reparatur vum verursaachte Schued an/oder déi aussergewéinlech Botzkäschten opkommen.

Eventuell Schied oder Virfäll mussen direkt dem Veräin „Les Amis des Greng Scouten a Guiden Diddeleng a.s.b.l.“ gemellt ginn, ënnert der Telefonsnummer:

00352 621 249 386 / 00352 621 700 619

De Veräin „Les Amis des Greng Scouten a Guiden Diddeleng a.s.b.l.” iwwerhëlt keng Verantwortung fir Déifstall oder Virfäll/Accidenter vun iergendenger Aart, déi um Site passéieren.

All Locataire muss eng Haftpflichtversécherung besëtzen.

All kommerziell Aktivitéiten um Site si verbueden, et sief dann, dass d’A.G.S.G.D. deem ausdrécklech schrëftlech zougestëmmt hunn.

All Verloscht vun engem Schlëssel muss direkt gemellt ginn an eng Tax vun 10€ muss bezuelt ginn.

Et ass strengstens verbueden, an de Gebaier ze fëmmen.

Et ass verbueden Zigarettestëmp op de Buedem oder op d’Wiss ze geheien. Et ass obligatoresch fir se an d’stolen Eemeren am Fëmmberäich ze geheien.

Et ass net erlaabt, d’Miwwelen aus dem Gebai mat eraus ze huelen.

Et ass obligatoresch, d’Gesetz betreffend de Konsum vu psychoaktive Substanzen (Alkohol, …) op eisem Site anzehalen.

Den Internetzougang däerf net fir betrügeresch Aktivitéite mëssbraucht ginn.

Notéiert w.e.g., dass Membere vun de „Greng Scouten a Guiden Diddeleng asbl“, souwéi Mataarbechter wärend ärem Openthalt all Zäit kënne präsent sinn.

D’Campingsplaz ka wärend deem selwechten Zäitraum verschiddene Gruppen zur Verfügung gestallt ginn.

2. Sécherheetsinstruktiounen

D’Noutausgäng an d’Fluchtweeër däerfen ënnert kengen Ëmstänn mat Gepäck oder aneren Objet’ e behënnert ginn.

D’Parken am Haff (bannen) ass strengstens verbueden.

De Pompjeeszougang muss ëmmer garantéiert sinn.

De Besëtz vu Schosswaffen oder aneren explosiven oder geféierlechen Objet’en ass um ganze Site strengstens verbueden.

Ballspiller am Haff (bannen) si verbueden.

3. Feieralarm

Bei engem Feieralarm ass de „Scoutcenter“ direkt ze evakuéieren an all d’Leit mussen sech bei de Sammelpunkt op der Campingsplaz beginn, dee mat engem Schëld gezeechent ass.

Am Fall vun engem Brand/Feier rufft d’Pompjeeën ënnert der Nummer 112 un.

Am Fall vun engem Feelalarm, schalt den Alarm aus, andeems dir den Uweisungen op der Brandmeldezentral am Agang vum Gebai nogitt.

Kontaktéiert an all Fall direkt de Veräin „Les Amis des Greng Scouten a Guiden Diddeleng a.s.b.l.” ënnert der Telefonsnummer:

00352 621 249 386 / 00352 621 700 619

All Käschten, déi duerch e falscht Ausléise vum Alarm entstinn, ginn zu Gonschte vum Locataire.

4. Respektéiere vun der Nuetsrouh

D’Nuetsrouh muss tëschent 22 Auer a 7 Auer agehale ginn. Weder aner Benotzer, nach d’Awunner vun den Nopeschquartier’ en däerfen an iergend enger Weis gestéiert ginn.

5. Propretéit wärend dem Openthalt

All Locataire gëtt gebieden, wärend sengem Openthalt fir Propretéit an de Gebaier, den Ariichtungen an den Alentouren ze suergen.

De Locataire ass verantwortlech fir:

– déi benotzte Raimlechkeeten ze botzen

– d’Dreckskëschten an déi entspriechend Container eidel ze maachen

– all Fënsteren an Aganksdieren zou ze maachen, wann een net um Site ass

– den Energieverbrauch (Heizung, Stroum) an de Waasserverbrauch zu iwwerwaachen an ze miniméieren.

– d’Fënsteren am Wanter zou ze loossen, fir Energie ze spueren

All Locatairen, déi am „Scoutcenter“ iwwernuechten, si gebieden, net mat de knaschtege Schung an déi iewescht Etagen ze goen, mä hir Schung an der Entrée op déi virgesinne Plaz ze stellen.

D’Bereetstelle vun der Infrastruktur beinhalt keen Toilettëpabeier, kee Fön, keng Handdicher a keng Spulldicher.

De Locataire verpflicht sech de „Scoutcenter“ an seng Alentouren an engem absolut propperen Zoustand ze verloossen.

6. Offall

Et leit an der Verantwortung vum Locataire, den Offall ze trennen an de Reschtoffall an zouen Dreckstuten ze maachen, an des an déi jeeweileg Container oder Dreckskëschten ze entsuergen.

D’Kuelen aus dem Grill (Grillpavillon) gi vun engem Member vun den A.G.S.G.D. eidel gemeet.

D’Ofhuele vum Dréck gëtt mëttwochs oder donneschdes (ausser op Feierdeeg) vum Service Hygiène vun der Staat Diddeleng garantéiert.

D’Dreckskëschten an der Kichen, an de Säll an am Sanitär solle wärend dem Openthalt reegelméisseg eidel gemaach ginn, fir onangeneem Gerécher an d’Entwécklung vun Ongeziefer ze vermeiden.

Denkt w.e.g. un d’Offallpräventioun, Merci !

7. Dortoiren

D’Dortoire si weder Iess- nach Openthaltsräim a sollen och net dofir genotzt ginn.

An den Dortoiren si Better, déi just mat geschützte Matrassen equipéiert sinn. Et gëtt keng Bettwäsch, keng Kappkëssen oder Decken. Denkt w.e.g. drun, är eege Schlofsäck matzebréngen.

8. Verkéier

Fuert op deem ganze Site a Schrëtttempo. Denkt w.e.g. un d’Kanner !

Et ass verbueden Autoen a Motorrieder op aner Plazen ze stellen, wéi déi virgesinne Parkplazen.

Et ass net erlaabt, säin Auto um Site ze wäschen.

Rulotten a Wunnmobiler sinn net erlaabt (Gréngzone).

Et gëtt keng Opluetstatioun fir Elektroautoen. Aus Sécherheetsgrënn däerfen Elektroautoen och net mam Adapterkabel un den normale Steckdouse geluede ginn.

9. Depart

Virun all Depart

– raumt d’Dëscher, d’Still an d’Bänken op d’Säit

– kiert a botzt déi benotzten Zëmmeren an Ariichtungen

– Kichenapparater a Geschier musse gebotzt ginn an op hir virgesinne Plaz geraumt ginn (fir d’Spullmaschinn kuckt d’Gebrauchsanweisung)

– maacht d’Dreckskëschten an de Säll, an der Kichen an am Sanitär eidel

– maacht all d’Dieren an d’Fënsteren zou

– dréit d’Heizung erof (Thermostat op 2)

– maacht d’Luuchten an all elektresch Apparater aus (ausser d’Frigoen an den Tifküler)

– All Locataire muss all benotzten Zëmmer propper botzen an se an deem Zoustand hannerloossen, andeem si se virfonnt hunn.

Wann dëst net de Fall ass, wäert eng Botzfirma déi néidegt Botzaarbechte maachen, an de Locataire kritt des verrechent.

Den Zoustand vun de Raimlechkeete gëtt vun engem Member vun den A.G.S.G.D. zesumme mam Locataire beim Ukommen a beim Depart kontrolléiert a festgehalen.

10. Stellplazen op der Campingsplaz.

D’Zelter mussen op déi Plaze gestallt ginn, déi dir vun engem Member vun den A.G.S.G.D. zougewise kritt.

D’Plaz muss a sengem Ausgangszoustand belooss ginn.

Et ass verbuede Lächer ze gruewen.

D’Uplanzungen an d’Blummendekoratioune musse respektéiert ginn.

Et ass strengstens verbueden, Neel an d’Beem ze schloen oder Äscht erofzeschneiden.

Et ass verbueden, Feier ze maachen, ausser op deene Plazen, déi dofir virgesi sinn.

Et ass d’Verantwortung vun all Locataire drop opzepassen, dass keen Dreck/Offall ronderëm leit oder Objet’ e vun all Zort (Piquet’ en, Steng, Drot, Holzstécker, Neel asw.)

11. Déieren

D’Präsenz vun Déieren um Site muss vun engem Member vun den A.G.S.G.D. erlaabt ginn.

Hënn mussen ëmmer un der Léngt sinn an de Besëtzer muss sech un d’Hondsgesetz vum 9.Mee 2008 halen. De Besëtzer muss de Kacka vu sengem Hond oprafen.

Et däerfe keng Déieren um Site sinn, wa säi Besëtzer net derbäi ass. Aus hygieenesche Grënn däerfen sech keng Déieren an der Kichen an an den Dortoiren ophalen.

Reglement vum Juli 2024

Am Fall vu Streidereie sinn ausschliisslech d’Geriichter zu Lëtzebuerg zoustänneg.