Alle

CFL (Chemins de Fer Luxembourgeois)

+352 2489 2489

http://www.cfl.lu/de/home

Aktuell Zuch Fahrpläng an Reservéieren vun den Zuchbilljeeën

Gemeng Diddeleng

Place de l'Hôtel de Ville

Diddeleng

+352 516121-1

http://www.dudelange.lu/

Mobilitéitszentral

+352 2465 2465

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

https://www.mobiliteit.lu/

Aktuell Bus- an Zuch Fahrpläng

Office National du Tourisme

+352 42 82 82 1

+352 42 82 82 38

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

http://www.visitluxembourg.com/de

Police Grand-Ducale

30, rue Jean Wolter

Diddeleng

113

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

http://www.police.public.lu/

TICE

+352 57 42 32 1

+352 57 42 32 57

http://www.tice.lu/lb

Mobilitéit am Südosten vun Lëtzebuerg

Du kanns eis Regioun kenne léieren, andeems du déi Diddeléng Konscht-Galerien, den nationale Musée vun der Immigratioun, an d’Photosgalerie besichs. Du kanns och d’Ausgruewungen an d’Buerg um Gehaansbierg ukucken goen.

Zu Diddeléng kanns du je no Wieder an déi oppen oder zouen Schwemm goen, op d’Skateboard an d’Inlineskating-Piste fueren goen, spazéieren, Velo oder Mountainbike fueren, en Orientéierungslaaf maachen, Bivouacs bauen, oder bei aner Scoutschaleten hyken.

Du kanns vun  Diddeléng aus iwwert d’Haardt op Remeléng bis an de Musée des Mines trëppelen, an ënnerwee d’Fauna an d’Flora vun dësem Naturreservat bewonneren.

Zu Bétebuerg kanns du e puer flott Stonnen am Parc Merveilleux verbréngen. Hei fënns du eng super Spillplaz fir all Alter, en Zichelchen, Elektropärd-Reiden, Go-Carts, Märecher, en Déierepark an Villes méi.

Vun Diddeléng aus, bass du awer och séier op all aner Plaz am Land. Klammen, Fëschen oder Schwammen (och am Stauséi vun Esch/Sauer) ass méiglech. Lëtzebuerg bitt verdreemten Dierfer, al Schlässer a Buergen un. Du kanns d’Abtei vu Klierf, d’Basilika vun Echternach, d’Kathedral an der Stad a vill kleng Kierchen duerch d’Land besichen. Zu Duelem oder um Tëttelbierg kanns du op de Spueren vun de Réimer wanderen. An der Stad an duerch d’Land kënnen Muséeën an Ausstellungen besicht ginn.

 

 

 

An eiser Haaptstaad kanns du eis al Festungsmaueren besichen an en Tour an eis Kasematten maachen. Zum Ofschloss kanns du jo eisem Grand-Duc nach ë klenge Besuch maachen. Wee weess, villäicht gëss du jo am Palais emfaangen.

An bei Reen kanns du ë gudde Film an een vun de Lëtzebuerger Kinoen kucken goen (Diddeleng, Bétebuerg, Esch/Alzette oder Stad.)

Et ass onméiglech all Sehenswierdegkeeten an all Événementer opzezielen, déi’s du hei entdecken kanns.