Eisen Centre vun 2 ha läit matten an der Natur a grenzt un e Naturreservat. Du kanns Outdoor-aktivitéiten plangen.

De Stadzentrum erreechs du zu Fouss a max. 10 Minutten. Eis Stad bitt vill Akafsméiglechkeet,  Kino, Musée, Concert, Festival, Sport an aner Fräizäitaktivitéiten, Restaurant a villes méi.

Den ëffentlechen Transport ass landeswäit gratis. Bus an Zuchlinnen erreechs du a max. 10 Minutten. Mam Zuch bass du an 25 Minutten an der Haaptstad.

Gratis Parking bei eis um Site.